Nieren

Fir Iech an dëser besonnescher Zäit beschtméiglech op d’Gebuert vun Ärem Kand virzebereeden, ass de Pôle „Femme, Mère, Enfant“ vun den Hôpitaux Schuman ëmmer un Ärer Säit.
Mir passen eis Seancen un, fir op Är Besoinen anzegoen.
Dës Seance, déi vun enger Beroderin fir d’Niere vu Puppelcher ofgehale gëtt, befaasst sech mat de Besoine vu Schwangeren a Mammen, déi viru kuerzem accouchéiert hunn.
Dës Seance soll interaktiv sinn, also zéckt net, fir Är Froen ze stellen.
Mir bieden Iech, virun der Seance eise Verhalenskodex ze consultéieren.
Fir eis Servicer stänneg verbesseren ze kënnen, hu mir e Froebou zesummegestallt iwwert Är Zefriddenheet an Är Bewäertung vun eise Live-Seancen. Dëse Froebou an och déi Donnéeën, déi gesammelt ginn, si vollstänneg anonymiséiert. Ënnerstëtzt eis, fir dass mir sou gutt wéi méiglech op Är Bedierfnesser kënnen agoen!